“De Mënsch an d’Maschinn”
de 15. Abrëll 2026 um 19 Auer a neimënster – Salle José Ensch – op Umeldung
info@ipw.lu
Den Institut Pierre Werner an The House of Ethics™ hunn d’Freed Iech de 15. Abrëll 2026 op e partizipativen Owend
ëm Ethik a KI ze invitéieren.
Mat dräi Invitéë fir dësen aussergewéinlechen Owend
Madame Marie-Anne WERNER, Directrice honoraire vum Lycée Robert-Schuman an Duechter vum Pierre Werner
Dr GOERGEN Martine, Directeur général vum CHL (Centre Hospitalier de Luxembourg)
Prof. Mag. Arch. François VALENTINY, VALENTINY hvp architects
ënnert der Moderatioun vum
Katja RAUSCH, Grënnerin an Direktesch vum The House of Ethics™
De Mënsch an d’Maschinn
An enger Zäit wou Computer Programme wéi ChatGPT, Applikatiounen oder Sozial Medien a feste Bestanddeel vun onsem alldeegleche Liewe sinn, stellt sech d’Fro wéi mir als Mënschen mat de Maschinne liewen. Wien ass de Pilot um Hiewel ?
As et eng course contre-la-montre, eng Collaboratioun oder eng Kapitulatioun ? Wat musse mer ënnerhuele fir ons Mënschlechkeet am Joer 2026 an driwwer eraus ze protégéieren ? Fir ons Wäerter, ons Kollektivitéiten an Mënschlechkeet ze preservéieren ?
An enger Welt wou fake news, deepfakes and syntheeteschen Inhalt iwwerall ass, gëtt do d’Authentizitéit ëmmer méi zum Luxus ? Wien oder wat mëscht ons Angscht ? Mee och, wou leien ons Opportunitéiten ?
Wiem gehéiert also d’Zukunft ? Dem performantstent a séierste Computer, deem Professionellen dee geschéckt mat der KI ëmgoe kann oder awer deene Leit déi mat den empatheschsten, sozial fittesten a mënschlechsten Perséinlechkeeten ?
Dëss a nach vill méi Froen wäerte mir de 15. Abrëll mat Iech zesumme beschwätzen.
